Lëtzebuerg um Wee an d’Diktatur.

0
158

Lëtzebuerg um Wee an d’Diktatur.

Mir schlidderen hei zu Lëtzebuerg ëmmer méi an eng Diktatur, wou geheim

Verträg gemaach ginn, wou d’Gesetzer iwwerhaapt nëtt méi bei äis gemaach ginn, wou

alles iwwert Bréissel leeft oder vun den USA an de grousse Multinationalen äis

oppgezwonge gëtt.

Bal eis ganz Privatwirtschaft ass an den Hänn vun den Auslänner. Ët gëtt vun

lëtzebuergesche Betriber geschwat, mä näischt ass do Lëtzebuergesch.

Auslännescht Kapital, auslännesch Direkteren, auslännescht Personal, auslännesch

Gewerkschaftler, je, alles Friemer déi äis forzéieren hir Sprooch ze schwätzen an äis

hinnen unzepassen.

Mä nëtt nëmmen datt eis Wirtschaft an den Hänn vun den Auslänner ass, och an ëmmer

méi Associatiounen, Kulturkreesser, vläicht deemnächst eist Schoulwiesen.

Konsequenze sinn dramatesch!

Naturzerstéierung, eis Fräiheet gëtt ëmmer méi beschnidden, d’Liewe gëtt all Daag méi

deier esou datt d‘Lëtzebuerger emigréieren a fortlafe mussen an déi räich Auslänner

huelen hir Plazen hei zu Lëtzebuerg an, mir hu keng Liewensqualitéit méi asw….

Muckst een opp, da kritt een déi gréisste Schwiirgekeeten.

Et geet dene politesche Kreesser drëms, mat Hëllef vun der Press an der Justiz all

Opposition ze isoléieren an ze eliminéieren.

Déi gréissten Erausfuerderung an Europa a speziell hei zu Lëtzebuerg ass awer

d’Massenimmigratioun, egal wou se hier kënnt an egal wéi een se betitelt.

Datt d’Zerstéierung vun eisem Land opp déi Mass Auslänner zeréckzeféieren ass, do gëtt

et absolutt keen Zweifel.

Iwwregens ass dat nëtt den Auslänner hir Schold, mä denen hir, déi en Interessen hunn,

eis Natioun an eist Vollek futti ze maachen.

Et gëtt express eng Konfusioun gemaach esouwuel vun de politeschen Autoritéiten, hirer

Press an den auslännerfrëndlechen Organisatiounen tëschend « Auslännerfeindlechkeet »

an der Oppositioun dergéint datt d’Auslänner massiv an eist Land erageholl ginn an déi

selwecht Rechter hei kréie sollen ewéi d’Lëtzebuerger.

Fréier woar et ganz normal datt d’Auslänner sech nëmmen an Ausnahmefäll hei am Land

definitiv niddergelooss hunn an doduerch opp kee Fall déi selwecht Rechter kritt hunn

ewéi d’Lëtzebuerger. Et huet ee misste Lëtzebuerger sinn fir Staatsbeamten ze ginn,

Affekot, Notär, Zaldot asw…..

2

Dat hat naïscht mat Diskriminatioun a scho guer näischt mat Auslännerfeindlechkeet oder

Auslännerhaass ze dinn.

Wann een awer haut géint eng Politik ass déi massiv Auslänner hei usiedele wëll (bis opp

1.000.000 Awunner a méi) an hinnen déi selwecht Rechter gëtt ewéi äis an esouguer ons

Nationalitéit gëtt, esou datt se mat stëmme ginn an opp déi Manéier eis Politik, d.h.

d’Zukunft vun eisem Vollek matbestëmme kënnen, dann ass een en « Auslännerfeind »

deen d’Biirger zum « Auslännerhaass » oppstëppelt an et leeft een direkt Gefor opp Basis

vum ominéisen Artikel 454 vum Stroofrecht wéi e Verbriecher verfollegt, virun

d’Geriicht gezerrt an zu Prisongstroofe veruurteelt ze ginn.

A ménge Flugblieder z.B. warnen ech onermiddlech virun deenen uergen an irreversibele

Folgen vun der Auslännerpolitik vun eiser Regirung. Ech maachen domadden näischt

anescht ewéi eng aner Mänung ze äusseren ewéi déi vun eise Politiker.

Et ka jo awer nëtt sinn, datt een an engem Rechtsstaat, an enger Demokratie, déi sech der

Mänungsfräiheet verschriwwen huet, dofir strofrechtlech verfollegt gëtt.

Leider geschitt dat all Daag hei zu Lëtzebuerg.

Mir brauchen nëtt mam Fanger opp d’Tiirkei, China, den Iran oder soss e Land ze

weisen, hei zu Lëtzebuerg kommen Opponenten och an de Prisong.

Fir d’Regirung an der Tiirkei gëtt all Oppositioun dem Terrorissem gläichgestallt an

eliminéiert.

 

An hei zu Lëtzebuerg?