Discours de la haine ou discours politique? Incitation à la haine contre les étrangers ou contre les résistants à l’oppression?

0
188

Discours de la haine ou discours politique?

Incitation à la haine contre les étrangers ou contre les résistants à l’oppression?

 

Virun der Cour d’appel den 11. November 2016:

  • ..Also huet hie beschloss klassesch Studien nozehuelen…
  • …Hien huet geléiert …
  • …firwat Kricher…
  • …Matbegrënner vun der National Bewegung…
  • …Esou huet och an éischter Instanz d’Madamm Präsidentin Elisabeth CAPESIUS…
  • …„De Peters ass en Neo-Nazi an also en Auslännerfeind an e muss bestrooft ginn“…
  • … de „politiquement correct“ a gare deem, deen do dergéint ugeet…
  • … esou eng massiv Immigratioun vun Auslänner hätt uerg Folge fir eist Land…
  • …d’iwwerflächlech Laienhaftegkeet mat deeër esouwuel de Parquet ewéi och d’Geriicht… Eent war kloer. Fir si stung fest: „De Peters ass e geféierlechen Nazi, esou wéi et jo an alle Medie stong, folglech muss en aus dem Wee geraumt an an de Prisong gespaart ginn“.

Esou einfach war dat fir si…

  • …Och d’Riichter hu sech keng vill Gedanke gemaach…
  • …D’Geriicht huet also am richtege Sënn vum Wuert « pré-jugéiert »…
  • …Et geet nët duer ze schreiwen, d’Cour des droits de l’homme an ons Geriichter hätte gesot, datt d’ « discrimination raciale » eng « entrave autorisée au principe de la liberté d’expression » wier, wann et kloer aus dem Text vum Artikel 10, Al 2 vun der CEDH ervirgeet, datt dat nëmmen de Fall ass, wann di beschëllegt Aussoen en Ugrëff opp d’Reputatioun an d’Rechter vun den Auslänner duerstellen. D’Geriicht huet emol nët definéiert, wat genee ënnert “reputation” ze verstoen ass an och nëtt ëm watfir Rechter et sech handelt. Och huet et nët bewisen, watfir vum Beschëllegten gemaachten Ausdréck en Ugrëff opp d’Reputatioun oder d’Rechter vun den Auslänner géingen duerstellen. Réputation “ gët vum Dictionnaire Robert definéiert: “Le fait d’être honorablement connu du point de vue moral. »

Wou a wéi huet de Pierre Peters d’Éier vun den Auslänner ugegraff, wou a wéi hir Rechter?

D’Geriicht huet keng Äntwert doropp ginn, obschon ech formell déi Fro a ménger Plaidoirie gestallt hat. An dat pour cause, well nämlech déi incriminéiert Passage vum Trakt keng esou Attacken enthalen…

Kompletten Text vun der

Plaidoirie

vun der Me. Marguerite Biermann den 11. November 2016 virun der Cour d‘appel an der

Affär Parquet géint Peters wéinst Beschëllegung fir

« Incitation à la haine »

Ech hat mech an éischter Instanz haaptsächlech opp eng juristesch Analys vun de rechtleche Froen, déi dës wichteg Affär oppwerft, konzentréiert, well ech der Mänung war, d’Riichter déi doriwwer ze befannen haten, géinge sech haaptsächlech, wann nët exklusiv, opp den Droit baséieren, fir hir Dezisioun ze huelen.

D’Uurteel huet mech beléiert, datt dat nët de Fall war, an ech Onrecht hat, fir nët opp Faitën anzegoen, déi d‘Persoun vum Beschëllegten uginn a Schold un dene Préjugéën sinn, déi hiirt Uurteel „en fait“ motivéiert hunn.

Et ass aus dësem Grond wou ech mir erlaaben, zimlech wäit auszehuelen fir Iech de Personnage vum Pierre Peters ze beschreiwen an ze erklären firwat et zu séngem politesche Kampf kumm, deen hien nët nëmme vill Méi, Zäit a Suen, mä haptsächlech vill Schirereie mat der Justiz an opp aner wichtege Gebidder kascht huet, an deen de Grond ass firwat hien haut virun Iech steet.

 

De Pierre Peters kënnt aus enger éischter einfacher Famill vu 5 Kanner, déi gekuckt huet iwwert d’Ronnen ze kommen ouni sech vill philosophesch, politesch a wirtschaftlech Froen ze stellen.

Säi Papp hat fir hie virgesinn datt en, wann e grouss wier, Fotograf géing ginn a säi klengt Fotogeschäft iwwerhuele géif.

De Pierre Peters huet also brav fir Fotograf geléiert an huet all Exame bis d’Maîtrise dofir gemaach.

Et ass du erréischt, datt en ugefaang huet, sech fir Wirtschaft a Politik ze interesséieren, am Ufank aus ganz perséinleche Grënn, nämlech huet en um egene Leif ze spiire kritt, datt eis Wirtschaft am gaang war, déifgräifend ze chanjhéieren. Déi kleng Buttéker wéi säi waren nët méi amstand ze iwwerliewen well se nëtt méi fäheg waren dem Drock vun de riisege Konzernen, déi sech iwwerall breet gemaach hunn, ze resistéieren.

Et ass du, datt hien ugefaang huet sech fir d’Hannergrënn vun dësem Phenomän ze interesséieren. Et ass domadden ugaang, datt e sech Rechenschaft ginn huet, datt hie vu sénger Schoulausbildung hier nët genuch equipéiert wier, dëse komplizéierte Froen nozegoen an se ze ergrënnen. Also huet hie beschloss klassesch Studien nozehuelen an hien huet sech mat 28 Joer, bestued a scho Kanner, opp d’Schoulbänke vum Kolléisch gesat an de Premiersexamen gemaach. Duerno huet hien nierft sénger Aarbecht, Wirtschafts-a Rechtsstudie gemaach an ofgeschloss.

Währenddeems huet hien opmiirksam d’Weltwirtschaft an hir Impakten opp eist Land verfollegt. Hien huet geléiert datt de Wirtschaftssystem deen d‘USA an eis europäesch Länner regéiert, a versicht d’ganz Welt ze akkaparéieren, den Ultra-Liberalissem ass, eng Ideologie an Doktrin déi haaptsächlech vum Milton Friedmann, Professer opp der Universitéit vu Chicago, ausgetüftelt ginn ass. Et ass eng Theorie déi doropp ausleeft, de grousse Firmen, Banken, Multinationalen et esou liicht ewéi méiglech ze maachen hir Geschäften ouni Kontroll an Aschränkung vu Konkurrenz ofzewéckele mam eenzegen Ziel, esouvill ewéi méiglech Profit ze maachen ouni Récksiicht opp mënschlech Wäerter.

Et ass him du kloer ginn, firwat Kricher, och dee leschten deen ons betraff huet, geféiert ginn, mä och wéi et ze erklären ass, datt alles wat dem liberalen, dat heescht fräien Handel am Wee steet, ofgeschaaft gët, d‘Grenzen, den Zollprotektionissem, d’Souveränitéit vun de verschiddenen Natiounen, d’Aarbechtsrecht, de Sozialschutz, an, last not least, de Schutz vun der Natur.

Et ass him dunn och kloer ginn, wat den Zweck vun der EU ass, nämlech datt se nëmmen e Mëttel ass, fir den absolutte Liberalissem ze etabléieren.

Vun do un huet hie versicht de Leit dat kloer ze maachen an se ze warnen, mä, hien huet gemiirkt, datt hien dat nët eleng kéint, an esou eppes nëmmen iwwert de Wee vun enger Partei méiglech wier.

Ouni irgend eng Erfahrung opp dësem Gebitt ze hunn, huet hie sech mat e puer Leit zesumme gedoen, vun denen hie gemengt huet, datt se gläichdenkend wieren. Et war e Sammelsurium vun Nationalisten, Patrioten aus fréieren Zäiten, dacks klengkaréiert, déi am algemeinen de Malaise gespiirt hunn, deen sech no an no duerch ëmmer méi Aschränkunge vun eiser Souveränitéit breet gemaach huet, mä déi eegentlech keen zesummenhängenden Abléck an d’eegentlech Ursaachen  heivun haten.

Wat geféierlech war a wat de Pierre Peters am Ufank nët gemiirkt huet, war, datt och verschidde Leit derbäi woaren, déi, aus watfir enge Grënn och ëmmer, eng Nostalgie fir den Nazi-Regime haten oder och vläicht vu baussen erageschléist waren, fir d’Partei ze diskreditéieren an ze zerstéieren.

Dat huet zu interne Schwiiregkeete geféiert, esou datt de Pierre Peters an och aner Leit sech distanzéiert hunn an hien dunn d’Partei oppgeléist huet.

Dës Period vu séngem Liewen, haaptsächlech de Fait de Matbegrënner vun der National Bewegung gewiescht ze sinn, ass eng vun den Haaptursaachen, fir déi de Pierre Peters säithir verfollegt gëtt.

Nët een Zeitungsbericht, nët ee Protokoll vun der Poliss, nët ee Requisitoire vum Parquet wou dëse Fait nët ervirgehuewe gët.

Esou huet och an éischter Instanz d’Madamm Präsidentin Elisabeth CAPESIUS hien doriwwer zuriets gestallt, obschon dat jo naïscht mat séngen aktuelle Beschëllegungen ze dinn hat.

Esou ass hien am ganze Land als Neonazi, a folglech, wéi kéint et anescht sinn, als Auslännerfeind gestempelt ginn an dofir steet hien och haut virun Iech.

An dann ass et egal, ob d‘Passagen aus dem Trakt fir déi e poursuivéiert ass, vum rechtleche Standpunkt hir, strofbar sinn oder nët, mä et steet vun Ufank u fest: „De Peters ass en Neo-Nazi an also en Auslännerfeind an e muss bestrooft ginn“. D’Redaktioun vum Uurteel gët dann opp eng Veruurteelung zurecht geschneidert.

 

Esou war et opp alle Fall an éischter Instanz.

 

Ier ech awer iwwert dat Uurteel schwätzen, well ech Iech nach soen, firwat a wéi de Pierre Peters säi politesche Kampf géint de Liberalissem virugeféiert huet.

Hien huet nämlech nët, nom Fiasko vun der Partei d’Knëppele bei d‘Tromm gehäit, mä dezidéiert eleng weiderzefueren. Hien huet et als séng Flicht emfonnt, d’Leit ze warnen an oppzeklären, mat watfir enge Mëttelen an zu watfir Zwecker se belunn géinge ginn, fir datt se nëtt miirke sollen, wéi se no an no ausgenotzt an hinne geschued géing ginn zum eenzege Profit vun enger Elite vu Weltkapitalisten déi virun näischt zeréckschrecken, fir ze ereechen, ouni ze schaffen, als Aktionäre vun internationalen Groussfirmen, mat allerhand Spekulatiounen, Tricken, kromme Geschäfter a grouss ugeluechten Steierhannerzéiungen zu esouvill Geld ze kommen, datt se a Saus a Braus liewe kënnen an zu enger onheemlecher Muecht kommen, déi hinnen et erméiglecht d’Politik an hirem Sënn ze dirigéieren.

Si sinn et och, déi dezidéieren, wat « politiquement correct » ass an déi derfir suergen, datt all déi, déi sech dogéint wieren, monddout gemaach ginn. Esou huet de Pierre Peters och kee Medium fonnt, dee séng liberalfeindlech Artikele publizéiert hätten. Also huet hie sech entschloss, se selwer drécken ze loossen an auszedeelen.

 

Wat him säit jeher um Häerz läit, ass d’Natur an et ass him onerdréiglech, datt, aus réng wirtschaftlech materielle Grënn, récksiichtslos ons Natur hei zu Lëtzebuerg dëser ultraliberaler Politik zum Affer fällt. An aus dësem Grond versicht hien säit 40 Joer mat séngen Trakten dogéint ze kämpfen.

Et ass jo eng Tatsaach déi vu kengem bestridde ka ginn an och gëtt, datt déi liberal, vu Bréissel aus gesteiert Politik verlaangt, datt d’Bevëlkerung vun eisem Land opp 1,2 Milliounen vergréissert, dat heescht, verdräifacht soll ginn. Et misst jo awer jiddferengem kloer sinn, datt e schwaach besiedelt Land, wéi Lëtzebuerg nach ëmmer war, séngen Awunner eng besser Liewensqualitéit bidd ewéi en dicht besiedelt.

Grad esou misst et och jiddferengem kloer sinn, datt déi geplangten, massiv Erhéigung vun der Bevölkerung sech nëmmen opp Käschte vun eiser Liewensqualitéit, notamment der Natur maache kann.

Et ass dëse Message deen de Pierre Peters versicht de Leit ze vermëttelen, fir datt se verstoë sollen, wat mat hinne gemaach gëtt, wat d’Grënn dofir sinn a wouhinn dat féiert.

 

Mä, hien huet hei e grousse Feeler gemaach.

Hie war naïv genuch ze mengen, hie kéint dat an aller Fräiheet opp eng verständlech Manéier öffentlech erklären. Hie war nämlech iwwerzeegt, mir géingen an engem Land liewen, wou d’Mënscherechter an haaptsächlech d’Mänungsfräiheet groussgeschriwwe ginn, an hien huet d’Muecht vu sénge Géigener, dat heescht vun denen déi am Déngscht vun der kapitalitescher Wirtschaft stinn, ënnerschat.

D’ultraliberal Wirtschaft ass haut nämlech de „politiquement correct“ a gare deem, deen do dergéint ugeet.

De Pierre Peters huet ahnungslos a séngen Trakten déi desaströse Folgen vun der geplangten brutaler Augmentatioun vun eiser Bevëlkerung ugeprangert, an amplaz nëmme vun „Demographie“, vun engem „Uwuëss vun onser Bevëlkerung“ ze schwätzen, huet hien eng kloer Sprooch geschwat andeems hien dat ominéist Wuert „Auslänner“ an de Mond geholl huet, wat him zum Verdierfnëss gi sollt. An dobäi ass et kloer, datt dee geplangte massiven Uwuëss vun eiser Demographie nët anescht ewéi duerch d’Immigratioun vun Auslänner ka realiséiert ginn.

Esoubal hien awer dës Politik ugegraff huet, a sech noutgedrongen ausgedréckt huet, esou eng massiv Immigratioun vun Auslänner hätt uerg Folge fir eist Land, war hie sénge Géigener an d’Messer gelaf.

Hien ass zum „Auslännerfeind, zum Rassist mat nazisteschem Hannergrond, zum Rechtsextremist a Populist asw…“, erklärt ginn, an d’Leit do bausse sinn zum Haass géint hien incitéiert ginn.

D’Machinerie vun der Gesetzgebung iwwert d’Diskriminatiounen, dem Antisemitismus an dem Revisionnismus, déi allen europäesche Länner via UNO a Bréissel imposéiert ginn ass, ass a Gank gesat ginn.

Am Joer 2012 ass de Pierre Peters fir t’éischt vum Parquet poursuivéiert ginn an zu der Maximalstrof vun 30 Méint Prisong kondamnéiert ginn. Hien huet du nach Sursis kritt.

Hie war sech deemools der Gravitéit vun dësem Prozess a sénge Konsequenzen nët bewosst a konnt nët vertsoen wéi et méiglech war, datt hien als Auslännerfeind erklärt a veruurteelt ginn ass, wou en haaptsächlech beflass war, opp d‘negativ Konsequenze vun enger zevill grousser Mass vun Auslänner hei zu Lëtzebuerg hinnzeweisen.

Hien huet keen Appel gemaach well e gemengt huet d’Uurteel géing zougestallt ginn an den Délai géing erréischt vun dësem Datum u lafen. Et stong nämlech keng „Rechtsbelehrung“ opp dem Uurteel  wat hie geschéckt kritt huet.

Hien hat keen Affekot geholl well hien der Mänung war, d’Riichter géingen dat jo sécher verstoen, wann hien hinnen dat kloer erkläre géif.

An obschon dat nët de Fall war an hien och hätt wësse missen watfir e Risiko hie géing lafen fir mat séngem Kampf weiderzefueren,  hunn déi schwéier Folgen vun der immigratiounspolitik déi sech elo schon iwwerall ofzeechnen, hie motivéiert virunzefueren. An esou koum et dann zum aktuelle Prozess.

 

Wat mech an éischter Instanz regelrecht erschreckt huet, war d’iwwerflächlech Laienhaftegkeet mat deeër esouwuel de Parquet ewéi och d’Geriicht mat dëser esou wichteger a folgeschwéierer Affär ëmgaang sinn.

Esou huet d’Substitutin d‘Faitën, fir déi de Beschëllegten a sénger vireger Affär gestrooft gi war, monter an ouni Skrupelen an dës Affär mat era bruecht, se huet och erklärt, de Choix vun de Säz fir déi se de Pierre Peters beschëllegt a poursuivéiert huet, esou gewielt ze hunn, wéi se nun eemol „Loscht hat“. Si huet e puermol widderhuelt, fir ee Passage „méi Loscht“ a fir en anere manner „Loscht“ gehat ze hunn.

Ech hu se higewisen opp déi Säz wou de Beschëllegte formell erklärt, datt déi katastrophal Folgen vun der massiver Immigratiounspolitik keefalls d’Schold vun den Auslänner ass „mä denen hir, déi en Interessen hunn, eis Natioun an eist Vollek futti ze maachen. Dat sinn d’USA an d’europäesch Institutiounen, d’EU, déi souwisou nëmmen eng Handlaangerfunktioun huet am Interesse vun de USA. Ons Politiker an hir Justiz sinn hir Marionnetten. Et sinn si déi Schëlleg mat dene mir ofrechne mussen“, a weider: „d’Regirung liwwert äis all deem Iwwel komplett aus. Si hunn eis Grenzen niddergerappt, eis Sécherheet ruinéiert, eis Souveränitéit ausgehiewelt an äis Gesetzer oppgezwongen, déi äis monddout maache sollen“.

Ech hunn hir d’Fro gestallt firwat se dës Säz aus dene Passagen, opp d’Basis vun denen se de Beschëllegten ugeklot huet, ewechgelooss hätt, wouropp se mir candidement geäntwert huet: „well se de Pierre Peters jo nëtt belaaschten“.

Opp d’Droitsfroen wousst se keng Äntwert an et hat een den Androck wéi wann se sech dës Froen nach ni gestallt oder se och vläicht nëtt verstanen hätt.

Och huet se hirer Agressivitéit fräie Laf gelooss fir mat alle Mëttelen, « à charge » ze requeréieren, wou se sech jo onbedéngt bewosst si misst, datt d’Missioun vum Parquet dora besteet, am Numm vum Vollek derfir ze suergen, datt d’Gesetzer gerecht ugwannt ginn, also skrupelhaft ze analyséieren, wéi se ze interpretéiere sinn an ob se konform sinn zu de Prinzipie vun de Mënscherechter, an dat esouwuel zum Désavantage ewéi och zum Avantage vum Beschëllegten.

Eent war kloer. Fir si stung fest: „De Peters ass e geféierlechen Nazi, esou wéi et jo an alle Medie stong, folglech muss en aus dem Wee geraumt an an de Prisong gespaart ginn“.

Esou einfach war dat fir si.

 

Och d’Riichter hu sech keng vill Gedanke gemaach an hunn dës Affär als langweileg a banal betruecht a behandelt. Wéi ech erstaunt an der Sëtzung feststelle konnt, hate se d’Flugblat ëm dat et geet, weder gelies nach an hirem Dossier, esou datt d’Präsidentin e puermol d’Substitutin oder mech gefrot huet, de betreffende Saz, ëm deen et gung, virzeliesen. D’Uurteel ass da grad esou ausgefall: Si hunn, grad ewéi déi Riichter vun deemools, mat onpräzisen Termen, déi nët am Gesetz stinn, jongléiert, wat an der Matière vum Strofrecht, duerch de Prinzip vun enger riguröser Präzisioun an enger restriktiver Interpretatioun, streng verbueden ass.

Éischtens hu se de Beschëllegten des „Rassismus“ an der „Intoleranz“ beschëllegt (cf. 3. Säit, leschte Saz; 4. Säit, Jurisprudenz Al. 4; Säit 6, 2.leschten Al.), obschon d’Intoleranz a kengem Gesetzestext ernimmt gët an de Rassismus eppes ganz anescht ass wéi „d’incitation à la haine“ géint d’Auslänner, an de Pierre Peters nët vum Parquet fir Intoleranz a Rassismus beschëllegt ass.

An de Medien gëtt hie schon all déi Joere bestänneg als Rassist betitelt an ugegraff, mä et hätt een erwaard, datt Juristen ewéi Riichter, déi verschidden Definitiounen vun denen zwee Begrëffer nët verwiessele géifen.

Zweetens behaapten se opp véier Plaze vum Uurteel, de Beschëllegten géing d’Auslänner „responsabel“ maachen fir d’Zerstéierung vun eisem Land an déi aner uerg Konsequenzen, déi en an dene Passagen oppzielt, fir déi hie beschëllegt ass, an géing séng Intentioun beweisen géint d’Auslänner zum Haass ze incitéieren.

Dem Geriicht séng Haaptmotivatioun fir hie schëlleg ze spriechen besteet doran, « [qu’il a rejeté] la faute exclusive des problèmes que connaitrait notre société sur l’immigration et plus précisément sur les étrangers ». An dobäi huet de Pierre Peters formell, sou wéi et aus deem schons zitéierten Passage ervirgeet erklärt, datt dat opp kee Fall opp d’Schold vun den Auslänner zeréckzeféieren ass. Méi kloer wéi an dësem Passage konnt hie jo nët ausdrécken, datt säi Pamphlet nët géint d’Auslännner, mä géint d’Politik vun deene geriicht ass, déi récksiichtslos eist Land an d’Liewensqualitéit vun deenen, déi dra wunnen, opp dem Altor vum Mamon afferen.

De Parquet huet dës Passagen ënnerschloen, d’Geriicht ebenfalls, obschon ech a ménger Plaidoirie formell dropp higewisen hat.

Wéi ass et ze erklären, datt d’Geriicht opp der Säit 5 vu séngem Uurteel seet, de Beschëllegten hätt geschriwwen « que les étrangers consommeraient plus et produiraient plus de déchets que les Luxembourgeois » wann aus dem Kontext vu sénger Ausso kloer ervirgeet, datt den Ausdrock „zevill“ sech opp déi grouss Zuel vun den Auslänner bezéit an nët opp dat wat all eenzelne vun hinne verbraucht a produzéiert. Et ass absolutt lächerlech soen ze wëllen, de Beschëllegten hätt erklärt, d’Auslänner géinge méi konsumméieren an Dreck produzéieren ewéi d’Lëtzebuerger, an dann doraus d’Konklusioun zéien, hie géing esou d‘Auslänner diskriminéieren, attakéieren, mepriséieren an haassen, an dofir géinge séng Aussoen „des messages de nature à inciter à la haine“ duerstellen, esou datt se opp Grond vum Artikel 457-1 strofbar wieren.

 

 

Ganz schlëmm an erschreckend ass et haaptsächlech, datt d’Geriicht fir t’éischt beschloss huet: « Pierre Peters est à retenir dans les liens de l’infraction à l’article 457-1 du Code pénal » (Säit 6, 1. Saz) fir dann duerno erréischt den Haaptmotiv deen d’Défense opposéiert huet an deen de Kär vum Problem vun dëser aussergewéinlecher Affär duerstellt, ze ënnersichen.

 

D’Geriicht huet also am richtege Sënn vum Wuert « pré-jugéiert ».

 

Ech sinn der Mänung datt esou en Uurteel onbedéngt annuléiert muss ginn. Dat ëmsouméi, wou et ënnerléist opp den Haaptmoyen ze äntwerten. D’Défense huet nämlech plädéiert, déi inkriminéiert Aussoe vum Beschëllegten kéinten nëmmen Infraktiounen am Sënn vum Artikel 457-1 vum Code Pénal duerstellen, wann se an de Kader vun den Ausnahme fale géingen, déi den Artikel 10, Al 2 vun der CDH[1] restriktiv erlaabt. Si missten also en Ugrëff opp d’Reputatioun oder d’Rechter vun den Auslänner duerstellen, fir d’Ingérence vum Parquet ze justifiéieren.

Dozou huet d’Geriicht nëmme gesot: « Le tribunal retient que Pierre Peters a enfreint l’article 457-1 du code pénal qui réprime certains actes inspirés par le racisme ou la xénophobie. L’ingérence dans l’exercice de la liberté d’expression est donc en l’espèce prévue par la loi. L’ingérence a en l’espèce pour but de protéger la réputation et les droits d’autrui, à savoir des étrangers résidant au Grand-Duché de Luxembourg qui sont précisément visés par les propos discriminatoires de Pierre Peters. Il s’agit donc d’un but légitime cité explicitement au paragraphe 2 de l’article 10 de la Convention Européenne des Droits de l’Homme. »

 

Et geet nët duer ze schreiwen, d’Cour des droits de l’homme an ons Geriichter hätte gesot, datt d’ « discrimination raciale » eng « entrave autorisée au principe de la liberté d’expression » wier, wann et kloer aus dem Text vum Artikel 10, Al 2 vun der CEDH ervirgeet, datt dat nëmmen de Fall ass, wann di beschëllegt Aussoen en Ugrëff opp d’Reputatioun an d’Rechter vun den Auslänner duerstellen. D’Geriicht huet emol nët definéiert, wat genee ënnert “reputation” ze verstoen ass an och nëtt ëm watfir Rechter et sech handelt. Och huet et nët bewisen, watfir vum Beschëllegten gemaachten Ausdréck en Ugrëff opp d’Reputatioun oder d’Rechter vun den Auslänner géingen duerstellen.

Réputation “ gët vum Dictionnaire Robert definéiert: “Le fait d’être honorablement connu du point de vue moral. »

Wou a wéi huet de Pierre Peters d’Éier vun den Auslänner ugegraff, wou a wéi hir Rechter ?

D’Geriicht huet keng Äntwert doropp ginn, obschon ech formell déi Fro a ménger Plaidoirie gestallt hat. An dat pour cause, well nämlech déi incriminéiert Passage vum Trakt keng esou Attacken enthalen.

D’Geriicht huet also nët opp den Haaptmoyen vun der Défense geäntwert, an ech froe formell datt d’Uurteel annuléiert gët fir „absence de motivation“ déi e Verstouss géint den Artikel 89 vun eiser Verfassung duerstellt.

An dann och: Woura besteet an dëser Affär d’Nécessitéit vun enger Ingérence vum Parquet am Interesse vun onser demokratescher Gesellschaft an hir Proportionnalitéit? Et geet nët duer allgemeng mat enger Jurisprudenz vun der Cour des droits de l’homme an enger ganz anerer Affär ze äntwerten, mä konkret ze beweisen, wou déi Nécessitéit an dëser Affär besteet an ze justifiéieren, datt se proportionnéiert ass.

D’Geriicht huet och nët opp d’Argument vum Beschëllegte geäntwert, datt en „discours politique“ ewéi deen fir deen hie beschëllegt ass, laut enger konstanter Doktrin a Jurisprudenz nët ageschränkt oder suppriméiert därf ginn, well et anti-demokratesch an doriwwer eraus geféierlech wier, de Biirger ze verbidden sech öffentlech iwwert politesch Froen ze äusseren, esou wéi den eminente Jurist, fréiere Präsident vun der Cour des droits de l’homme Jean-Paul Costa ausdréckt wann hie seet, d’Mänungsfräiheet wier haaptsächlech héich geschriwwen vun der CEDH „lorsqu’il s’agit d’un débat d’idées dans le champ politique, ce qui est normal puisque le débat politique est inhérent et essentiel à la démocratie.“ (Revue Actualité et Droit International, www.rid.org/adi) oder wéi et méi rezent an der Fiche thématique vun der CEDH vum 20.März 2016, Säit 20 ze liesen ass:

« Là où la liberté de la presse est en jeu, les autorités ne disposent que d’une marge d’appréciation restreinte pour juger de l’existence d’un « d’un besoin social impérieux ». En outre, l’article 10, al 2 de la Convention ne laisse guère de place pour des restrictions à la liberté d’expression dans le domaine du discours politique ou des questions d’intérêt général. La plus grande attention s’impose lorsque les mesures prises ou les sanctions infligées sont de nature à dissuader la presse de participer à la discussion de problèmes d’un intérêt général légitime. »

 

Zum Schluss well ech awer och onbedéngt opp d’absolutt Disproportioun vun de Strofen hiweisen, déi esouwuel d’Geriicht am Uurteel vum 10. Mä 2012 wéi och d’Riichter an dëser Affär gesprach hunn, an déi den onmëssverständlechen Ausdrock vun hirer perséinlecher Feindséilegkeet sinn.

Fir éng éischt Affär de Maximum vun 30 Méint Prisong, an dës Kéier 8 Méint, wou jo feststeet datt dat bedeit, datt de Beschëllegten 38 Méint an de Prisong gespaart soll ginn.

Ech si sideréiert mat watfir engem kalen Haass an Automatissem d’Riichter wéi déi hei, mat de Prisongsstrofen ëm sech geheien.

Hu si nëtt déi mannsten Imaginatioun fir sech virzestellen wat et heescht, e Mënsch aus séngem fraïe Liewen, aus sénger Famill a sénge Frënn, sénger Aarbecht, sénge Gewunnechten, der Natur a séngen Déieren erauszerappen, an tëschent 4 Maueren anzespären zesumme mat Krimineller vun allen Zorten?

Denke se drun wat dat réng soziologesch, psychologesch a mënschlech gesinn, duerstellt, der Veruechtung an dem Haass vun der Gesellschaft ausgeliwwert ze ginn?

Si si sech nët bewosst, datt dat e Mënsch irreversiblement fir de ganze Rescht vu séngem Liewen markéiert an zerstéiert?

An dat als Strof, nët fir e Mord, e Viol, eng Escrocquerie, Déifstall, Drogen- Waffen- oder Mënschenhandel a soss aner Verbriechen, mä eenzeg an eleng well hie séng Mänung öffentlech gesot huet, mat der Absiicht séng Matbiirger virun dene schroe Konsequenzen, vun där an onsem Land bedriwwener Demographiepolitik am Kader vum Ultraliberalissem ze warnen.

 

De Pierre Peters ass kee Kriminellen. Säi Casier war bis 2013 vierge an enthält och elo keng eenzeg Kondamnatioun fir irgend ee krapülösen oder och nëmmen e gerénge Gesetzesverstouss, ofgesinn vun enger Kondamnatioun zu EUR 100.- well hien séng Honn nëtt an der Léngt hat.

 

De Kommentateur vum Gesetzesprojet iwwert de Rassismus, Diskriminatioun asw.. huet  opp der Säit 10, ënnert dem Artikel 455 vum Code pénal, gesot: « Il faut rappeler que la prison n’est certainement pas propre à éviter la récidive, et que le problème des discriminations est davantage lié à des facteurs d’ordre culturel, éducatif, économique et politique. Ce n’est qu’une action préventive, prenant en considération ces facteurs qui peut avoir une influence déterminante sur le comportement des individus » (projet no. 4071, session 1994 – 1995).

De Staatsrot, séngersäits, huet a séngem « avis complémentaire » vum 18.03.1997 iwwert dëse Projet gewarnt:

« Le Conseil d’État met en garde contre les tendances de vouloir incriminer pénalement tous les actes faits et gestes de la vie quotidienne. Il est vrai que le racisme et toutes les autres formes de discriminations se rencontrent dans la vie de tous les jours et c’est à ce niveau-là qu’il faut déployer tous les efforts et tous les moyens pour y remédier »

An de bekannte franséische Jurist Pierre DELMAS – Saint-Hilaire, deen Droitsprofessor opp der Universitéit vu Bordeaux an Direkter vum Institut de sciences criminelles war, huet séng Étude iwwert dëse Sujet an der Revue de Sciences Criminelles et de droit comparé 1987, 363A, mat folgender Konklusioun a mise en garde ofgeschloss :

« La lutte contre le racisme ne peut, sans danger grave, conduire à la condamnation systématique de tout écrit, de tout propos susceptible d’attirer l’attention sur certains effet négatifs, pervers ou préoccupants de l’immigration. Elle conduirait alors à faire de cette dernière un sujet « tabou » ; elle interdirait toute réflexion sur les problèmes économiques, démographiques, politiques, éthiques ou sociaux que celle-ci engendre inévitablement. Alors pourrait se créer, avec la complicité de la loi pénale, abusivement sollicitée, un domaine de non-dit – non-dit que l’on sait, tant au plan individuel que collectif, essentiellement pathogène. »

 

Ech zweiwelen nët am geréngsten drunn, datt Dir, fir all dës Grënn, der Iwwerzeegung sidd, datt de Pierre Peters fräigesprach muss ginn.

 

Ech froen haaptsächlech, datt Dir dat éischt Uurteel wéinst „absence de motivation“ annulléiert.

 

Subsidiaresch froen ech de Fräisproch vum Beschëllegten.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

[1] CDH = Convention de sauvegarde des droits de l’homme et des libertés fondamentales, Rome, 4 novembre 1950