Matdeelung un d‘Öffentlechkeet

0
194

Matdeelung un d‘Öffentlechkeet

 

Appel den 11. November 2016 em 9.00 Auer

virun der „Cour d’Appel“ vu Lëtzebuerg géint d’Uurteel vun der éischter Instanz dat mech zu 8 Méint Prisong veruurteelt huet, (wat 38 Méint feste Prisong bedeit) wéinst vermeintlechem Oppruff zum Haass géint d‘Auslänner.

 

Wie rifft wien zum Haass opp?

Liewe mir nët an enger Zäit wou den Haass omnipräsent ass?

Wann een Zeitunge liest, de Radio lauschtert, d’Televisioun kuckt, d’Politiker héiert schwätzen, da gëtt den Haass geschürt géint d‘Oppositioun a géint all déi, déi géint d’E.U., géint d’Immigratiounspolitik vu Bréissel, géint den Ultra-Liberalissem sinn, a se ginn als Populisten, Faschisten, Neo-Nazien, Rietsextremisten a Xenophobe verdäiwelt, kriminaliséiert an zum Haass géint si oppgeruff?

 

Well ech opp déi negativ Konsequenzen oppmiirksam maachen, déi de brutalen, vu Bréissel gefuerderten Uwuëss vun eiser Bevëlkerung mat Hëllef vun enger massiver Immigratioun vun Auslänner, zur Folleg hunn, muss ech an de Prisong.

 

Et geet also an dësem Prozess eenzeg an eleng ëm d’Grondrechter an d’demokratesch Wäerter.

 

Hu jhust déi Grondrechter fir déi a mat denen d’Regirung Politik mécht?

Wa jo, da gëtt all Prozess zur Farce a mir si grad esou wéineg demokratesch ewéi d’Tiirkei, d’Golfstaaten oder all aner Diktaturen déi keng Oppositioun toleréieren.

 

De 7. November 2016

Pierre Peters, diploméierte Vollekswiirt a Jurist

www.hemecht-an-natur.lu