LUX: Plaidoirie vun der Me. Marguerite BIERMANN

0
352

 

Fakten


Den Här Pierre PETERS ass ugeklot well hien an engem Flugblat ënnert dem Titel « Allah’Akbar, Miséricordieux, Oh Gott ! » deen hien a Bréifkëschte vu Privatleit an engem Polizeikommissariat verdeelt huet, folgend Passage geschriwwen huet:

« (…) Datt d’Zertséierung vun eisem Land opp déi Mass Auslänner zeréckzeféieren ass, do gëtt et absolutt keen Zweifel. (…) Eis Rechter ginn ëmmer méi beschnidden. Esouguer eist Eegentumsrecht gëtt ëmmer méi ausgehiewelt wéinst den Auslänner déi zu Dausenden an eist Land stréimen. Mir ginn duerfir entegent andeems mir duerch allerlee Tricken forzéiert ginn eis Lännereien hirzeginn.

D’Liewe gëtt ëmmer méi deier. Mir kréien ëmmer méi héich Taxen oppgezwongen.

Alles dat ass opp déi héich Awanderung vu Friemen zeréckzeféieren.

Déi brauchen einfach zevill (Wunnraum, Waasser, Elektresch, Drénkwaasser, Stroossen, Schoulen, Infrastrukturen, asw…) a produzéieren duerfir enorm vill Offall (Dreck, Ofgasen, knaschtegt Waasser woufir mir neess vill Kläranlage brauchen, asw…)  (…)

Eise ganze Schoulsystem brécht zesummen well d’Auslänner an der Iwwerzuel sinn an doduerch dëse ganz opp d’Kopp geheien. Vill Schoulpersonal ass um Enn well se nëtt géint déi extrem explosiv Situatioun oppmucksen duerfen soss lafe se Gefor, versat, verfollegt a bestrooft ze ginn. »


Plaidoirie

Den Här Peters huet versicht Iech ze erklären, firwat hien dat Flugblat em dat et hei geet, verfaasst an ausgedeelt huet.

Hien huet Iech séng Mänung ausernee geluegt, laut där hien iwwerzeecht ass, datt déi massiv Awanderungspolitik déi ons Regirung bedreift, opp ville wichtege Gebidder uereg Konsequenze fir eist Land a séng Biirger huet, déi , wéi hie mengt, bis zur kompletter Zerstéierng, esouwuel vun eisem Vollek als solches, esouwéi vum natiirlechen Emfeld an deem mir liewen, féiere kënnen.

Ech well nëtt weider doropp agooen, opp hie mat sénger Visioun Recht oder Onrecht huet, well ech der Iwwerzeegung sinn, datt dat fir dëse Prozess vun iwwerhaapt kenger Wichtegkeet ass.

Wichteg ass eleng, ob dat wat den Här Peters a séngem Trakt geschriwwen huet a wat him vum Parquet zur Laascht geluegt gëtt, laut dem Artikel 457-1 vum Stroofrecht, eng « incitation à la haine à l’égard des étrangers vivant au Grand-Duché ou installés au Grand-Duché…. en se fondant sur la non-appartenance à la nationalité luxembourgeoise et leur origine étrangère », duerstellt,

oder vill méi,

ob hien, opp Basis vum Artikle 10 vun der « Convention de sauvegarde des droits de l’Homme et des Libertés Fondamentales » vum 4. November 1950, deen d’Meenungsfräiheet garantéiert, d’Recht hat, déi Äusserungen, déi hie vum Parquet virgeworf kritt, ze maachen.

Et ass immens wichteg, a jidder Fall, eng logesch a genee Analys iwwert dëse Problem ze maachen.

Nëtt nemmen hängt vum Resultat de Sort vum Beschëllegten of, mä doriwwer eraus ass et vun nationaler an esouguer universaler Wichtegkeet, esou genee wéi méiglech d’Grenzen tëschent dem Prinzip vun der fräier Mänungsfräiheet engersäits, a séngen Abüen annersäits, ze zéien.

Et dierf nämlech nëtt méiglech sinn, datt aus nett legale Grënn, d’Mänungsfräiheet ausgehiewelt a geschwächt gëtt, an esou d’Dier zu engem autoritäre Staat ëmmer méi oppgebretzt gëtt bis d’Demokratie, dat heescht, d’Souveräinitéit vum Vollek an d’Matbestëmmung vun de Biirger zesummebrécht.

Als éischt ass ervirzehiewen, datt d’Mänungsfräiheet d’Regel ass an d’Aschränkungen, d’Ausnahm, déi also restriktiv beuurteelt an ugewannt muss ginn. Den Artikel 10 seet nämlech: « Toute personne a droit à la liberté. Ce droit comprend la liberté d’opinion et la liberté de recevoir ou de comuniquer des informations ou des idées sans qu’il puisse y avoir ingérence d’autorité publique…. ».

A séngem 2. Paragraf sinn dann d’Aschränkungen a folgende Wierder oppgezielt:

« L’exercice de ces libertés comportant des devoirs et des responsabilités peut être soumis à certaines formalités, conditions, restrictions ou sanctions, prévues par la loi, qui constituent des mesures nécessaires, dans une société démocratique, à la sécurité nationale, à l’intégrité territoriale ou à la sureté publique, à la défense de l’ordre et à la prévention du crime, à la protection de la santé ou de la morale, à la protection de la réputation ou des droits d’autrui, pour empêcher la divulgation d’informations confidentielles ou pour garantir l’autorité et l’impartialité du pouvoir judiciaire. »

Dat heescht, datt d’öffentlech Autoritéiten, ewéi hei de Parquet, nëmmen eng Poursuite kenne maache wa se justifiéiert ass duerch «  des mesures nécessaires dans une société démocratique ». D’Fäll déi esou eng Nescessitéit duerstellen si restriktiv oppgezielt. (cf ci-dessus)

Deen deen onse Problem betrëfft ass « la nécessité à la protection de la réputation ou des droits d’autrui ».

Et muss also un Hand vun dëse Regele kontrolléiert ginn, ob d’Poursuite géint den Här Peters legal ass.

Fir datt dat de Fall ass, mussen d’Fakten déi him virgeworf ginn, en Ugrëff opp d’Reputatioun oder d’Rechter vun de viséierte Persounen duerstellen. Et ass nämlech nëmme wann een der « incitation à la haine contre autrui à raison de sa nationalité » dëse Senn gëtt, datt se laut dem Artikle 10 Aliena 2 vun der Konventioun eng « ingérence «  an d’Mänungsfräiheet vum Auteur, dat heescht eng Poursuite, erlaaben.

Et ass um Parquet dëse Bewäis ze erbréngen.

Konkret ausgedréckt heescht dat, datt de Parquet an dëser Affär beweise muss, datt déi betreffend Passage vum Trakt eng « incitation à la haine » duerstellen, déi géint Persoune déi eng aner Nationalitéit hunn geriicht sinn an dofir hir Rechter oder hir Reputatioun ugräifen. All aner Inhalter vun enger « incitation à la haine «  kennen nett a Betracht gezu ginn, well se géint d’limitativ Oppzielung vum Artikel 10, Alinea 2 verstoussen an et duerch den Artikel 17 vun der Conventioun formell verbueden ass, aner Limitatiounen ewéi déi vun der Konventioun virgesi sinn, unzeféieren.

Artikel 17 « Interdiction de l’abus de droit » vun der Conventioun:

« Aucune des dispositions de la présente Convention ne peut être interprétée comme impliquant pour un État, un groupement ou un individu, un droit quelconque de se livrer à une activité ou d’accomplir un acte visant à la destruction des droits ou libertés reconnus dans la présente convention, ou à des limitations plus amples de ces droits et libertés que celles prévues à ladite Convention. »

Am Artikel 18 vun der Conventioun gëtt iwwregens nach eng Kéier präziséiert datt déi legal Restriktioune vun der Mänungsfräiheet exklusiv fir déi vun der Conventioun virgesinne Fäll kënnen ugewandt ginn.

« Les restrictions qui, aux termes de la présente Convention, sont apportées auxdits droits et libertés ne peuvent être appliquées que dans le but pour lequel elles ont été prévues.»

Wann een opp Grond vun dëse Consideratiounen déi incriminéiert Säz betruecht, kann een nëmme feststellen, datt doran keng Spuer, weder vun Diskriminatioun, nach vun Ugrëff opp d’Reputatioun oder d’Rechter vun den Auslänner déi an onsem Land wunnen, festzestellen ass.

Et ass evident, datt dësen Trakt eng Kritik un der Awanderungspolitik vun eiser Regirung ass an nëtt en Ugrëff géint d’Auslänner.

De Beschellegte seet dat iwwregens klipp a kloer nodeems hien d’negativ Konsequenze fir ons Land vun esou enger massiver Vergréisserung vun  der Bevëlkerung oppgezielt huet :«  Iwwregens ass dat nëtt den Auslänner hir Schold, mä denen hir, déi en Interessen hunn, eis Natioun an eist Vollek futti ze machen. Dat sinn d’USA an d’europäesch Institutiounen ( d’E.U.), d’E.U., déi souwisou nëmmen eng Handlangerfunktioun huet am Interesse vun den USA. Ons Politiker an hir Justiz sinn hir Marionetten. Et si si déi Schëlleg mat dene mir ofrechne mussen. »

Opp der leschter Säit widderhuelt hie séng Uklo géint d’Regirung a folgende Wierder : « D’Regirung liwwert äis all dem Iwwel komplett aus. Si hunn eis Grenzen niddergerappt, eis Sécherheet ruinéiert, eis Souveränitéit ausgehiewelt an eis Gesetzer oppgezwongen déi äis monddout maache sollen. ….»

Firwat huet de Parquet dës Passagen ënnerschlo ?

Ass hie sech der Wichtegkeet vu sénger eminenter Funktioun an de professionnellen wéi och den deontologeschen Pflichten a Responsabilitéiten, déi domadde verbonne sinn, nëtt bewosst?

Weesss hien nëtt datt de Staatsanwalt do ass, fir am Numm vun der Gesellschaft de Respekt vum Recht z’assuréieren an nëtt, wéi et hei den Uschäin huet, mat alle Mëttelen och mat zweifelhaften, ze erreechen, datt de Beschëllegten veruurteelt gëtt.

Wann de Pierre Peters seet datt

  • d’Zerstéierung vun eisem Land bedéngt ass duerch d’Noutwendegkeet, Wunnraum fir esouvill Leit ze schaafen, 
  • datt d’Liewen doduerch méi deier gëtt an onse Liewensraum méi kleng a méi ongesond gëtt duerch deen nëtt méi ze erdroenden alldeegleche Verkéier,
  • wann en dropp hiweist datt d’Iwwerzuel vun auslännesche Kanner onst Schoulsystem opp d’Kopp gehäit,

da sinn dat séng Idien, déi hien ausdréckt an déi duerch säi Recht opp Mänungsfräiheet geschützt sinn.

Hien huet se a Form vun engem Trakt ausgedeelt fir eng Diskussioun iwwert esou e wichtege Problem auszeléisen, well hien der Mänung ass, datt et falsch an ondemokratesch ass, all öffentlech Debatt zu dësem Thema ze ënnerdrécken an d’Leit duerch Schauprozesser anzeschüchteren, esou datt se nëtt méi sou kéing sinn, hir Mänung öffentlech ze soen.

  • Wou ass hei en Oppruff zum Haass géint d’Auslänner ?
  • Wou geet hei Rieds vun engem Ugreff opp hir Reputatioun oder hir Rechter, well se Auslänner sinn?

Säin Trakt ass e politeschen Diskurs iwwert e liewenswichte Problem fir Lëtzebuerg.

Sou Debatten därfen, der Mänung no vun ze soen alle juristesche Spezialisten an dëser Matiär, nëtt ageschränkt oder verbuede ginn.

Wéi et zum Beispill an engem Prinzipienuurteel Erkaban / Tiirkei Arrêt Strasbourg, 6 juillet 2006, requête no. 59405/00) gesot ginn ass, déi sech opp de wuelbekannten Arrêt Handyside c/ Roayume-Uni baséiert, deen iwwregens de Parquet an der Affär Vogel an der Press publizéiert huet, wou eraus ze schléissen ass, datt hien d’accord mat dëser Jurisprudenz ass.

«  L’article 10, al 2, de la Convention ne laisse guère de place pour des restrictions à la liberté d’expression dans le domaine du discours politique ou de questions d’intérêt général. (voir Scharsach et News Verlagsgesellschaft contre Autriche, Nummer 39394/98, § 30, CEDH 2003-XI).

La Cour souligne qu’il est fondamental dans une société démocratique, de défendre le libre jeu du débat politique. Elle accorde la plus haute importance à la liberté d’expression dans le contexte du débat politique et considère qu’on ne saurait la restreindre sans raison impérieuse. »

Y permettre de larges restrictions dans tel ou tel cas, affecterait sans nul doute le respect de la liberté d’expression en général dans les États concernés. ( Feldek contre Slovaquie, Nummer. 29032/95, § 83, CEDH 2001-VIII. »

D’Ingérence vum Parquet am Beschëllegte séng Mänungsfräiheet, dat heescht, séng Poursuite géint den Här Peters entsprécht also nëtt enger « nécessité dans une société démocratique » a muss also zeréckgewise ginn, well se eng Atteinte opp séng Mänungsfräiheet ass.

Dat heescht datt den Här Peters fräigesprach muss ginn.

Ech kéint also hei opphalen, mä fir komplett ze sinn a souzesoen, subsidiaresch, well ech nach d’Fro vun der Absicht diskutéieren.

No de wesentleche Prinzipien vun eisem Droit pénal mussen zwee Elementer vum Parquet musse bewise ginn, fir datt eng Persoun enges Delikts ka schëlleg gesprach ginn:

  1. E materiellt Element, dat heescht an onsem Fall dee vum Beschëllgte verfassten Text
  2. E moralescht Element, dat heescht, d’Intentioun, vum Auteur den Haass géint Mënschen ze schüre well se Auslänner sinn, andeem hien hire Ruff an hir Rechter ugräift.

Ech weess datt iwwert dës Fro vun der Noutwendegkeet vun der Intentioun keng Eestëmmegkeet besteeet.

Do gëtt et engersäits en Arrêt vun der franséischer Cour de Cassation vum 17.02.1998, laut deem am Domäin vun der « incitation à la haine », de Bewäis vun enger Absicht nëtt erbruecht gi muss, mä datt et duergeet, datt, wat eng Persoun gesot oder geschriwwen huet, bei denen déi et héieren oder liesen, den Effet vun enger Incitatioun provozéiert. Ofgesinn dervun, datt dës Jurisprudenz d^Pressegesetz betrëfft, esou datt ee sech froen kann, ob se an der Matiär vun der Mänungsfräiheet kann ugewandt ginn, sinn ech der Mänung, datt et konträr zu onse stroofrechtleche Prinzipien ass, d’Elementer vun der Schold nätt an der Persoun vum Auteur festellen ze mussen, mä se ofhängeg vum Empfänger sénger Empfindlechkeet a sénger Interpretatioun, déi jo nëtt objektiv festgestallt kënne ginn, an dofir och nëtt vum Auteur viraus gesi kënne ginn.

Ménger Ansicht no ass et absolutt konträr zu onse stroffrechtleche Prinzipien, d’Elementer vun der Schhold nëtt an der Persoun vum Auteur feststellen ze mussen, mä se ofhängeg vum Emfänger ze maachen.

Ech froe mech virwat verschidde Lëtzebuerger Geriichter der Jurisprudenz grad vun deser Kassatioun follegen, wou et eng ganz Zuel anerer gëtt, déi géijhendeeleger Mänung sinn, nämlech datt, wéi fir all aner Delikter, och fir dee vun der « incitation à la haine », d’Absiicht vum Auteur muss vum Parquet bewise ginn.

Sou ass zum Beispill de berühmte franséische Jurist Jean-Pierre DELMAS-SAINT-HILAIRE, professeur à la faculté de droit de l’Université de Bordeaux et Directeur de l’Institut de sciences criminelles, der Mänung: « que la provocation à la haine implique, par définition même, un élément intentionnel: la simple constatation que l’écrit ou le propos puisse provoquer de telles réactions de haine ne saurait autoriser une condamnation. Il importe en effet, que l’accusation démontre l’existence chez le prévenu la volonté délibérée d’inciter à la haine. » (Revue de science criminelle et de droit pénal comparé)

Vläicht besteet och kee wiirklechen Désaccord tëschent dësen zwou Thesen, wann een déi éischt an deem Sënn interpreteéiert datt de Parquet d’Intentioun vum Auteur nëtt formell ze beweise brauch, wa se kloer aus dem Text ervirgeet.

De Kommentator vun dësen opposéierten Tendenzen am Recueil DALLOZ 2009, huet folgend Konklusioun hei eraus gezunn: « Au total, ce n’est qu’une question d’espèce et de juge! »

Wéi deem och ass, den Här Peters bestreit formell d’Absicht gehat ze hunn, duerch säin Trakt d’Leit géint d’Auslänner oppzewigelen.

Esou wéi hien et erklärt huet a wéi et aus dem Kontext vun dësem Fugblat ervirgeet, ass et ausschléisslech séng Suerg, eis Gesellschaft oppmiirksam ze maachen opp d’Gefor déi se leeft, datt se zerstéiert an an e Chaos gehäit ka ginn, deen äis, mä haaptsächlech eise Kanner, onheemleche Misär brénge géif, wéi dat opp anere Plazen opp der Welt an och schon a verschidene Länner vun Europa wéi Griichenland, Porugal, Spunien an och schon a Frankräich de Fall ass.

D’Absurditéit, mä och haaptsàachlech d’Tragik vun dëser Affär besteet doran, dass eng Persoun dorfir ugeklot gëtt, en Delikt begaangen ze hunn, dat heescht géint d’Regele vun der Gesellschaft gehandelt ze hunn, an also e Feind vun deser Gesellschaft ze sinn, fir Aussoen, déi hien ausschléisslech aus Suerg fir dës Gesellschaft gemaach huet.

Den Här Peters ass manifestement kee Verbriecher, keen Escroc, Déif, Abriecher, Vergewalteger, Märder oder Kläpper deen eng Strof bis hinn zum Prisong verdéngt.

Dir därft nëtt denen nolauschteren, wéi gewëssene Politiker, Journalisten, an aneren Individuen, wéi zum Beipsill verschidde Membere vum Conseil de l’Ordre déi him Schlechtes wëllen, a mat alle Mëttele versichen, hien ze diffaméieren an ze eliminéieren, well hie se als Matschëlleger vun deenen entlarvt an ugeklot huet, déi am gaang sinn, onst Land futti ze maachen.

Se hu schon all déi Joeren, mat alle Mëttele versicht hien ze verfollegen an him Knëppelen an d’Rieder ze stiechen, sief et opp der Aarbecht, a sénge Relatiounen innerhalb vu verschidden Associatiounen oder wat séng Demande als Affekot ugeholl ze ginn, betrëfft.

Den Haass dee säit sénger eischter Kondamnatioun geschürt gëtt ass onerdréiglech an onheemlech belaaschtend a féiert zu enger regelrechter « mise au pilori » an der Ausschléissung aus der Gesellschaft.

An ausgerechnet déi, déi zu dësem Haass opprufen werfen him Ustëftung zum Haas vir.

Muss ee wiirklech Auslänner, schwul oder Judd sinn fir virun esou engem Haass geschützt ze ginn?

Mä ech hu Vertrauen an eis Geriichter.

Dir hutt am Allgemengen, mä besonnesch an enger Affär ewéi dëser, eng aussergewéinlech wichteg Missioun, nämlech derfir ze suergen datt d’Mënscherechter, vun denen d’Mänunggsfraïheet eent vun dene wichtegsten ass, opp keng Manéier ugetaascht därf ginn.

Dir sidd also den indispensabele Garant fir eis Demokratie. Doriwwer musst Dir Iech voll bewosst sinn a versichen, onofhängeg vun allen Intriguen a Manipulatiounen, vun egal watfir engem Drock vu baussen, fräi, vun alle Viruurteeler an onrationelle Gefiller a Reaktioune vis-à-vis vum Beschëllegten, Iech ausschléisslech opp d’Regele vum Recht ze baséieren, wann Dir eng Dezisioun huelt.

Wann Dir dat maacht, kann d’Uurteel nëtt anescht ewéi e Fräisproch sinn an eist Land ka stolz opp Är Kompetenz, Är Onofhängekeet an Äre Kuraasch sinn.