Discours vum Pierre Peters virum Geriicht den 02. Mai 2016

0
543

 

Discours vum Pierre Peters

virum Geriicht den 02. Mai 2016 a séngem Prozess

« Oppruff zum Haass »

 

Ech ginn hei vum Parquet ugeklot, ech hätt zum Haass géijheniwwer vun den Auslänner ugestiwwelt déi hei zu Lëtzebuerg liewen oder hei etabléiert sinn, wat ech awer mat aller Däitlechkeet vu mir weisen.

 

D’Zil vu ménge Flugziedelen ass et nach ëmmer gewierscht, eng öffentlech Debatt iwwert déi dramatesch Konsequenze fir eist Land, fir eist Vollek, fir d’Lëtzebuerger Biirger, fir d’Natur ….. vun der massiver Awanderungspolitik vun der Regirung ze provozéieren.

Debatten iwwert liewenswichteg Entwécklungen sinn an enger Demokratie onbedéngt néideg.  

Méng Uregungen zu esou Debatten kënnen dofir och nëtt verbuede ginn.

Déi Debatten iwwert déi direkt, mëttel a laangfristeg negativ Konsequenze vun der Awanderungspolitik an am allgemengen der Migratiounspolitik gi mat alle Mëttele an eiser Gesellschaft verhënnert.

Et gëtt jo esouguer versicht, all déi ze kriminaliséieren déi et woen, de Fanger an d’Luucht ze strecken an opp wonn Plazen ze leeën.

Wie wot dann nach haut hei zu Lëtzebuerg séng dissident Mänung offen ze soen?

 

Ech si mir spéitestens mam Wäissbuch a mam Maastrecher Vertrag 1992 bewosst ginn, a watfir eng Diktatur mir lues awer sécher eraschlidderen.

 

Eng Diktatur vun de multinationale Konzerner,

eng Diktatur vun de Banken,

eng Diktatur vum Geld.

 

Fräie Wuereverkéier,

Fräie Kapitalverkéier,

Fräie Persouneverkéier

 

sinn déi dräi grouss Stäipen opp déi Masstrecht a Bréissel sech stëtzen, dat heescht, datt all Grenzen an all Obstakele mussen ofgeschaaft ginn, nëtt aus Humanissem, NEEN, aus purer Profitsucht vun de multinationale Konzerner an der Héichfinanz.

 

Dat ass d’Doktrin vum Ultra-Liberalissem, eng raafesch a geféierlech Doktrin vum fräie Welthandel esou wéi de Milton Friedmann dat gepriedegt huet.

 

De Milton Friedmann huet nämlech riicht eraus gesot, datt opp der ganzer Welt muss Chaos geschafe ginn fir datt d’Weltwirtschaft esou richteg gedeie kann. Et ass d’Realisatioun vun dëser Theorie déi d’Weltwirtschaft zanter dem leschte Krich ustrieft.

 

Esou kënne Regelen a Gesetzer gemaach ginn, fir de Mënsch an eng Bunn ze kanaliséieren wou en nach jhust e gudden a bëllege Produzent ass oder e gudden a brave Konsument. All aner Fräiheete ginn ënnerbonnen.

Ech weisen hei opp d’Buch vun der kanadescher Schrëftstellerien Naomi Klein hinn, déi dat fantastesch erklärt a beluegt huet. (The Shock Doctrine or the rise of disaster capitalism, Penguin Books, 2007)

 

Den Ultra-Liberalissem deen de fräie Welthandel ouni irgend een Obstakel ustrieft, ass eng Weltrelioun ginn, deeër sech jiddereen ze ënnerwefen huet.

….Regirungen, Institutiounen, Justiz, ….d’Mënschen.

 

Esouguer eis Geriichter an eis national Institutioune musse sech deem ënnerwerfen duerch international Gesetzer an Direktiven un déi si sech ze halen hunn.

Déi Gesetzer an Direktive gi vun de multinationale Konzerner a Banken hire Lobbien imposéiert.

 

Datt dat ëmmer méi schlëmm gëtt (an hei ass de Bewäis ganz kloer erbruecht), geet elo doraus erfir, datt en transatlantesche Vertrag tëschent den USA a Bréissel soll ënnerschriwwe ginn, wou déi national Institutiounen näischt méi ze soe kréien, speziell déi national Geriichter.

Nom Krich ass gemengt ginn, datt déi geheim Verträg ee fir allemol der Vergaangenheet géifen ugehéieren, mä wäit gefeelt.

 

Déi national Regirungen, d’Geriichter oder am allgemengen déi national Justiz, kréien all Kompetenz ewechgeholl an déi multinational Konzerner a Banken verwalte sech selwer ouni Ingerence vun irgendwelchen nationalen Autoritéiten.

 

Déi national Geriichter kréien nach jhust d’Missioun, alles wat der Relioun vum Ultra-Liberalissem am Wee steet, ze veruurteelen an aus dem Wee ze raumen.

 

D’Gesetzer gi geschriwwen an als Waff gebraucht, d’Relioun vum Ultra-liberalissem ze universaliséieren an alles wat dem Profit am Wee steet, ofzeschafen.

 

Dir hutt Droit studéiert.

 

Opp der Uni gitt Dir geléiert datt international Gesetzer priméieren.

All Jura-Student gëtt mat der Jurisprudenz COSTA c. ENEL vun 1966 confrontéiert a kritt se agehummert ewéi eng Relioun.

Rar sinn déi Studenten déi hannerfroen. Dat gëtt gebéckst fir den Examen ze packen. Déi Jurisprudenz gëtt ëmmer neess ugewannt well de Jura-Student dat esou geléiert huet.

Dat ass zu engem internationalen DOGMA ginn.

 

Wat seet déi Jurisprudenz:

Déi europäesch Gesetzer stinn iwwert allen aneren nationalen Normen a Gesetzer. Domadden ass esouguer eis Verfassunge praktesch ausser Kraaft gesat ginn

am Interesse vum Utra-Liberalissem,

am Interesse vum fräie Persounen-, Kapital- a Wuereverkéier,

am Interesse vum weltwäite Fräihandel,

 

am Interessen nëtt vun eis Lëtzebuerger, vun de Lëtzebuerger Biirger, eisem Vollek, eise Baueren, eisen Handwiirksleit, …NEEN,

 

eleng am Interesse vun de multinationale Konzernen an der multinationaler Héichfinanz déi sech de weltwäite Moart, de weltwäiten Handel akkaparéieren a sécheren.

 

Si räissen alles u sech. Mir alleguerte si komplett an deem Sog.

 

Géigner vun dësem modernen Monothéissem, dem Ultra-Liberalissem, solle kriminaliséiert, marginaliséiert, verfollegt an eliminéiert ginn.

 

Mir liewen haut an deem Emfeld.

 

D’Immigratiounspolitik oder am allgemengen d’Migratiounspolitik ass eent vun hiren haapt Mëttelen fir eist Vollek als solches ze zerstéieren, well d’Natiounen an also d’Nationalitéit eng Brems innerhalb vum Ultra-Liberalissem duerstellt.

 

D’Auslänner, (wann ech iwwerhaapt dat Wuert nach gebrauchen därf), gi benotzt a gebraucht fir déi Politik ze maachen a sinn ewéi mir all d’Affer vun där Politik, dat heescht:

 

Wat méi Leit um Marché sinn, wat d’Fuerderunge vun denen, déi schaffen, ëmmer méi gedréckt kënne ginn.

 

Et ass déi ganz Politik déi mech revoltéiert a mech motivéiert, méng Mänung a Form vu Flugblieder auszedrécken. Et ass einfach nëmmen den Ausdrock vun enger politescher Dissidenz.

Ech hu jo guer keng aner Mëttelen, an d’Öffentlechkeet ze goen. All Dissidenz zu der offizieller Politik, zu der political Correctnëss, gëtt vu vireran ënnerbonnen, zensuréiert oder méi schlëmm, kriminaliséiert.

 

Well speziell hei zu Lëtzebuerg sinn eis Institutiounen, eis politesch Parteien an d’Press esou anenee verflecht a matenee Famill datt eng Oppositioun praktesch nëtt méiglech ass. Mir hu keng parteineutral Press.

 

Also wéi kënnt een als Biirger un aner Matbiirger wann ee virun engem Iwwel warne wëll?

Et huet ee jo awer eppes ze soen. Et ass ee selwer betraff mat all deem wat hei zu Lëtzebuerg an dene leschte Joere virsechgeet. Eist ganzt Emfeld brécht zesummen.

 

A mir ginn dropp  an derwidder belunn.

 

Nëtt zu lescht bei der Debatt iwwert d’Lag vun der Natioun gëtt vu wirtschaftlechem Wuesstem gepraalt. Dat gëtt als eng gudd Saach verkaf a keen ass do deen d’Aussoe vum Premier Bettel kritesch beliicht.

 

Eise wirtschaftleche Wuesstem bréngt dem lëtzebuergesche Vollek kee Räichtom mä nëmmen dem Grousskapital, well e berout opp der Vergréisserung vum Konsum duerch dat massivt Eroppschrauwe vun der Bevölkerunmgszuel an nëtt opp enger reeller Produktioun vu Räichtom vun deem all Biirger profitéiere kéinten.

Dobäi ass déi Zort vu Wuësstem déi eis Politiker bedreiwen a mat där si sech bretzen, haaptsàachlech negativ well se d’Mënschen fir d’Steigerung vum Profit mëssbraucht an doduerch eis Natur an eist friddlecht Zesummeliewen zerstéiert.

 

Wann eng Madamm Laura Zuccoli vun der ASTI d’Recht kritt ongesstrooft öffentlech ze schwätzen da muss ech dat Recht och hunn.

….Dat sinn d’Regele vun der Demokratie !